Et as elo endlech esou wait, meng nei Homepage as ONLINE!
Vun elo un wert ech des Sait dann nemmi aktualiseiren. Sie bleift allerdings nach bestoen, falls een nach eng aal Story noliesen goen well.
Ab elo as et dann www.nathalie-lamborelle.com
19 März 2008
16 Februar 2008
Aus dem Stage a Spuenien
Seit Denschden den Owend sin ech elo schon hei zu Calpe op der Costa Blanca tescht Valencia an Alicante fir mat enger Rei Fuerinnen vun UNIQA dei nei Saison virzebereeden. Nieft herrlechen Küstenstrossen kann een hei och richteg duerch d’Bierger fueren an fir dei kleng Erfreschung teschdenduerch woarden Mandarinnen, Orangen oder Zitrounen op de Beem.
Haut wor main eischten Roudag. Nodeems ech die 3 Deeg virdrun e bessen Pech mam Wieder hat, wor et haut esou richteg gudd. Bei 23 Grad, Sonn a Mier kann een sech do schon e bessen ewei am Summer fillen. Eng Stendchen Sightseeing rondrem Calpe mam Velo, d’Material erem an d’Rei brengen an Rou stungen haut um Programm. An dat huet esou richteg gudd gedoen no 3 langen Deeg Training.
Muer geet et dann erem weider mam Training an dat nach bis e Sonnden.
Schei Greiss aus dem sonnegen Süden
Nathalie
Haut wor main eischten Roudag. Nodeems ech die 3 Deeg virdrun e bessen Pech mam Wieder hat, wor et haut esou richteg gudd. Bei 23 Grad, Sonn a Mier kann een sech do schon e bessen ewei am Summer fillen. Eng Stendchen Sightseeing rondrem Calpe mam Velo, d’Material erem an d’Rei brengen an Rou stungen haut um Programm. An dat huet esou richteg gudd gedoen no 3 langen Deeg Training.
Muer geet et dann erem weider mam Training an dat nach bis e Sonnden.
Schei Greiss aus dem sonnegen Süden
Nathalie
29 Januar 2008
Teamtreffen Coogee Saar
Wei och schons dat lescht Joer hun Fuererinnen vun der Rig Saar dei Team Coogee Saar bilden sech dese Weekend an der Geigend vun Treier getraff fir sech kennenzeleiren. Dest Joer sin net manner wei 14 Fraleit hei lizenseiert, domat as den Rig Saar deen stärkste Verain bei de Fraen an Daitschland! Fir dest Joer sin nieft den regionalen Coursen an Daitschland e puer Starter bei UCI Coursen an der Geigend virgesin. Hei bleift allerdings nach ofzewarden ob mer och do starten kennen.
Dei 2 Deeg as wei gewinnt gudd traineiert gin mat 2 Ausfahrten lanscht Saar, Mousel, Sauer an duerch den Hunsrück. Dobai as de Spass zu kengem Moment ze kuerz komm an de Weekend wor mei wei gelongen. Ech freen mech op alle Fall dest Joer e puer mei Coursen kennen mat hinnen ze fueren!

Schivakanz
Nodeems ech io decideiert hat menger Wantersaison en Enn ze setzten wor ech eng Woch op Hinterux am Zillertal Schifueren. Eppes besseres hätt mer zu deser Zait net kennen virkommen. Des Woch konnt ech emol ganz vum Alldag ofschalten an esou rischteg geneissen. Schifueren as a bleift eng vu mengen beleifsten Wanteraktiviteiten...schued nemmen dat een emmer sou weit fueren muss!!
10 Januar 2008
Zait fir dei next Zieler
Keng WM a kee Weltcup
D'Wantersaison as fir mech mam Cyclo Cross Championnat op en Enn gangen. No 7 Crossen an engem verdeedegtem Titel an der Tesch hun ech genuch gemach am Hibleck op d'Stroossesaison. Fir eng WM oder ee Weltcup misst een sech awer nach mei drop virbereeden an virun allem sin ech awer net esou gudd materiell ausgerüst! Mee dat kennt och eng Keier, alles zu senger Zait!
Och wann 7 Crossen vlait nach net esou vill sin, geet dat völlegen duer fir de Motor am Wanter bessen laafen ze lossen. Et wor och dat eischt Joer wou ech e bessen mei Cross gefuer sin an et och e bessen mei duerchgezunn hun. An deser kuerzer Saison hun ech awer emmer erem konnten meng Leidenschaft fir de Cross entdecken an et deet mer awer e bessen Leed dat et schon eriwwer as! Cross as einfach anescht, Zuschauer sin mei no derbai an et as eng ganz aner Ambiance. Natirlech brengt et och vill mei Opwand matsech. Mindestens 2 Veloen mussen top an der Rei sin, ee Staff wou dei Maschinnen während der Course an och dono botzt an meng Virbereedung virun engem Départ vun der Streckeninspektioun iwwer Warmfueren muss stemmen.
No deser Woch konzentreiren ech mech awer dann ganz op Präparatioun vun der Stroossesaison. Vum 11.-24. Februar geet et dann emol op Calpe op d'Costa Blanca mat UNIQA ier dei eischt Coursen Mett März ufänken.
07 Januar 2008
Championnat Cyclo Cross Contern
Championne 2007/2008
De Parcours vu Contern wor extrem physesch an seng Schwieregkeeten hun dorannen bestanen dat an der Wiss de Bulli pescheg wor, mat 3 Laafpassagen (fir eis) an eng Descente dei scho baal nemmi ze fueren wor. Wei zimlech all Fotoen beweisen a wei der mech erlieft hudd, huet dee Circuit mer esou Muensches ofverlangt an ech konnt et leider net eviteiren fir ouni Chute duerchzekommen.
Direkt am eischten Tour wor et schon dei eischte Keier geschitt...ech konnt allerdings an der Descente erem direkt alles ophuelen. Am leschten Tour hun ech dunn och nach eng zweete Keier Bekannschaft gemach mam Bulli an deste Keier an der Descente. Hei hun ech dunn leider erem zimlech Zait verluer bis ech erem um Velo sutz. Vun do aus wor et io dunn nemmen nach een Tour ze fueren an an deem hun ech mer et awer och net mei huelen geloss!
Op alle Fall wor dest en harden Kampf an ech sin einfach iwwerglecklech main Titel konnten ze verdedegen.
Wann meng Examen elo nach eriwwer sin (Meinden + Denschden) a mai bloen Knei verheelt as, huelen ech mer eng kleng Auszait an gin engem aneren Hobby no, dem Schifueren. Allerdings alles am Hibleck op d'Preparatioun fir d'Strossesaison.
Um Enn well ech mengem ganzen Staff dei mech enenrstezt hun deen Dag an dei ganz Cross-saison iwwer, sief et am Materialposten, beim Training oder op der Streck, VILLMOLS MERCI soen.
Fotoen: kb a Val Wagner
02 Januar 2008
Cross Péiteng
8. Platz an domadden bescht Lëtzebuergerin
Op deem eenzegen internationale Cyclo Cross hei am Land fir Dammen wollt ech dest Joer einfach dobai sin! Och wann et dach ee ganz scheint Steck bis bei d'Weltelite as hun ech meng Participatioun zu kengem Moment geschter bereit. Et mecht enfach direkt vill mei Spass an enger Course ze fueren wou Ambiance op der Streck as an natirlech wou den Interessi vum Publik mei grouss as. Leider geet meng Crosssaison hierem Enn entgeint, mee dat huet mer rem Gout gin fir mei.
Knapp huet dat nait Joer ugefangen, a schon sutz ech um Velo fir eng Course ze fueren. Vlait kennt dat verschidde Leit e bessen verreckt fier op Sylvester knapp no Joresufank am Bett ze leien fir deen aneren Dag fit ze sin, mee ech muss soen et hat sech gelount!
Op deem eenzegen internationale Cyclo Cross hei am Land fir Dammen wollt ech dest Joer einfach dobai sin! Och wann et dach ee ganz scheint Steck bis bei d'Weltelite as hun ech meng Participatioun zu kengem Moment geschter bereit. Et mecht enfach direkt vill mei Spass an enger Course ze fueren wou Ambiance op der Streck as an natirlech wou den Interessi vum Publik mei grouss as. Leider geet meng Crosssaison hierem Enn entgeint, mee dat huet mer rem Gout gin fir mei.Mat der Course selwer sin ech och ganz zefridden. No 10 Deeg hardem Training hun ech mech relativ gudd erholl gehat an bis op deen berühmten eischten Tour hun ech mech tiptop gespuert. E klengen Malheur as mer leider och passeiert am eischten Tour. Kuerz virum Materialposten as Ketten vu mengem gudden Velo ewechgefuer. No 150m laafen krut ech awer den Ersatzvelo an konnt ouni ganz groussen Verloscht weiderfueren. Ech konnt mei speit suguer erem op mai gudde Velo wiesselen. Villmols Merci heifir un Equip aus dem Materialposten!
E Sonnden as dann d'Championnat zu Contern wou ech natirlech alles wert machen fir den Roud-waiss-bloen Trikot ze verdeedegen! Dofir kommt all e Sonnden um 2 op Contern, well et kann een nie genuch Supporter hun dei een nofirdreiwen!
(Fotoen kommen nach no, ausser et huet een der! ;-) )
26 Dezember 2007
Stage Gent, Cross Remeleng
Hei konnt ech mech Beegeschterung fir d'Piste erem nei opliewen lossen! Och wann 3 Deeg kuerz sin, woren se intensiv an mer hun allegueten vill traineiert kritt. Zumols wann et dobaussen Minusgraden sin as et dach wonnerbar dobannen am labberen Gezei um holzenen Oval ze traineiren. Eigentlech hu mer jo erem all Zong lang gemach kritt, well bis eis Piste steet dierft io nach e bessen daueren...
Cross Remeleng
Deen een Dag nach op der Piste zu Gent ennerwee, deen aneren Dag zu Remeleng um Bierg, dat as d'Liewen vun engem Velosfuerer...
No 3 Deeg Stage as et dann och net sou labber gelaaf. Zumols deen eischten Tour huet richteg weigedoen, dono hun ech mech dru gewinnt gehaat an do as et och gangen. Allerdings wor dat ganzt net schnell genuch, direkt am 1. Tour hun ech e Lach kritt, wat ech nemmi zoukritt hun. Ech sin schlussendlech dat 2. gin hannert dem Suzie. Erfreelech wor och dat mer des Keier zu 5 Dammen um Départ woren, dat woren emmerhin der genee esou vill wei bei den Junioren.
Haut hat main neie Velo awer och sain eischten Asatz! Wei secher villen opgefall as, as en Pink Rosa, den Pink Panther! ;-)
Et bleiwen elo nach de Cross zu Peiteng an d'Championnat an d'Wieder as relativ schlecht fir velozefueren...nujee och do muss een alt derduerch.
Abonnieren
Posts (Atom)

