
Hei eng kleng Zesummefassung vun all Dag:
Mettwoch, 63 km Biergcourse
Eng relativ schweier Course, mat engem Bierg vun 3 km deen ganzer 9 mol ze fueren wor. Hei hun Nürnberger natirlech net mat sech spille geloss an haten um Enn och mam Trixie Worrack d’Gewennerin. Ech sin eigentlech och ganz zefridden mat deser Course wou ech eng 15. Platz mache konnt…als net sou begeschtert Biergfuererin.
Donneschdes
2 Etappen Bierg-Clm 3,6 km, Kriterium 50x 1 km.
Dat wor iergendwei net sou main Dag. Moies am Clm konnt ech alt nach eng 25. Platz erausfueren mee owes as dunn awer definitiv nemmi vill rondrem gangen. 35. an 2 mol iwweronnt…“Black Day“. Och wann ech nie sou rosen sin wann et bessi flach geet sou konnt ech awer och absolut net warm gin mat deser Streck. 6 Keiren an 1 km dat as sou ustrengend ze fueren do wie rech leiwer nees e Bierg eropgefuer.
Freides2 Etappen 15x4 km, 50x 0,9 km
Highlight Dag!! Obwuel et baal flach wor moies wor et eng extrem sauer Course, nemmen Bordure, daat heescht eent hannert deem aneren an de Wand as voll vun der Sait komm. Nodeems et awer nees daitlesch besser gangen as wei geschter hat ech knapp Chance verpasst fir e waissen Trikot ze huelen als bescht Juniorin vun der Etapp, wor et owes definitiv esou wait. Dei lescht Chance an wascheinlech awer och die scheinsten Geleenheet. Virun engem super Publikum an enger ganz flotter Stemmung hun ech et ferdeg bruet dat 4. ze gin am Sprint em di 2. Platz an dat hannert 2 Nürnberger an 1 vu Biglia! Dat wor schon e beweegenden Moment mat deenen zesummen um Podium ze stoen an ofgeliicht ze gin!
Am General sin ech op di 16. Platz komm an 2. Juniorin um Enn. An bis op Donneschdes wou et net esou gudd gangen as sin ech ganz zefridden mat desem Resultat. Ech hun alt nees vill Erfahrungen gesammelt fir Zukunft an am allgemengen flotter awer och harder 3 Deeg erliewt.
Nexte Rendez-vous as den 27.08 eng Bundesliga-Course ier et den 5. September an d’Ardèche geet op eng weider hard Etappecourse.
0 Kommentare:
Kommentar veröffentlichen