28 August 2006

Bundesliga Queidersbach


1. Platz

Genial! Eng Victoire an der Bundesliga dat as schon eppes Besonnesches zumols wann de Sprint sou wor dat et 2 Gewennerinnen goufen! Obwuel d'Organisatoren mat modernster Technik ausgerüst woren konnten si um Fotofinish keen Ennerscheed erkennen!

No 70 km iwwer hiwwelegen Terrain sin 20 Fuererinnen vun 44 iwwereg bliwwen am Pak deen dunn an de Sprint koum. Ech konnt mech relativ platzeiren an hat domat eng gudd Ausgangspositioun an deenen leschten 500m wou et liit biergop gangen as. Mat engem sougenannten Tigersprong konnt ech mer dunn dei 1. Platz secheren.
Sos as Anamrie nach op di 10. Platz komm an Christine op di 25.

Dest wor di 2. Victoire fir dest Joer. Weider steet lo nach en Denschden e Critérium zu Fameck hei vir am Frankreich um Programm an dono vum 5.-9. September Tour d'Ardèche.