01 August 2006

Junioren Weltmeeschterschaft Spa Francorchamps 13. August 2006


Wm steet virun der Dier. An 2 Wochen as et sou wait. Dofir laafen och lo all Virbereedungen, harden Training an vill Coursen. Wei dir zwa bestemmt all wesst konnt ech virun engem Joer an Eisterreich dei dach zimlech iwweraschend 5. Platz erausfueren. Ech wier natirlech absolut guer net rosen wann et deste Keier nees zu engem ähnlechen Resultat geing kommen. Mee et waert schweier gin esou eng Platz ze verteidegen oder nach ze verbesseren. An eischter Instanz hoffen ech op eng Top 15 Platz. Et gin emmer souvill verschidden Fakteuren dei op deem Dag eng Roll spillen, Material muss impekabel sin, verschount bleiwen vun Platten, Chute asw. An schlussendlech spillt Dagesform eng ganz grouss Roll.

An deser Virbereedungsphase sin ech lescht Woch dann och 2 Coursen gefuer.
En Donneschden en internationalen Critérium zu Bar-le-Duc wou ech eng 6. Platz ereecht hun an och 1 Punkt sammelen konnt bei starker Konkurrenz.

En Samsden sin ech zu Vodelée an der Belsch gefuer an do sin ech um Enn vun engem hiwweleschen Circuit vun 75 km op 5. Platz iwwert Arivee gefuer virun engem Tanja Hennes aktuell 28. op der Welt. Dest Resultat huet mech absolut zefridden gestallt well ech um Enn vun enger schweirer an animeierter Course nach baal ganz vir matfueren konnt.



WM 2005 Oberwart (A)