13 August 2006

WM 2006


9. Platz

Genial!! Obwuel ech mer selwer als Ziel gesat hat eng Top 15 Platzeirung ze errechen wor ech mer vun Ufank un bewosst dat dest schweier ze errechen wier. Mee Zieler soll een heich usätzen krut ech mol eng Keier gesot.

Op engem schweiren Circuit iwwer 13 km mat 3 Steigungen dovun dee leschten em 1.5km as et wei erwaart zu enger Ausscheedungscourse komm. Och wann et e puer Attacken goufen sou konnt awer nie eent sech richteg ofsetzen. Am leschten vun 5 Tier as dunn Mie Lacota aus Dänemark (Weltmeeschterin 2005 an Europameeschterin) fort gangen wat awer dei falsch Taktik wor. Um Formel 1 Circuit as de Pak nees opgerullt, deen allerdings nemmen nach aus 15 Fuererinnen bestanen huet, no enger Chute vun 8 Leit, an dunn konnt sech Litauerin Rasa Leleivyte am Sprint kloer duerchsetzten virun 2 Italienerinnen. Mee bon Litauerin wor lescht Joer awer och schons dat 3. a bekannt wor et mer och schon relativ gudd...

Aus menger Sicht wor dat ganzt nach mei intressant well ech 1 Tour gefuer sin mat enger gebrachener Speechel am Rad, nodeems eent mer dran gerannt wor am Ufank vum 3. Tour. Mee wou ech dunn nees op mengem alen Velo sutz as et baal vum selwen gangen...schliesslech wor dat jo och de Velo vu lescht Joer! ;-)
Mam alen vertrauten Material hun ech mech dunn super gudd gespuert sin vir matgefuer an sou as et dunn eben och zu der 9. Platz komm. Vun engem richtegen Sprint konnt een och nemmi schwätzen. Arrivée huet sech iwwer 1,5 km liit steigend gezun an de ganzen Pak wor nemmen nach eng eenzeg File indienne.

Alles an allem lescht Joer 5. Platz wor eng absolut Iwweraschung mee dest Joer 9.Platz wor d'Bestätegung. An doriwwer sin ech einfach iwwerglecklesch!!

1. Rasa Leleivyte (Lithuania) 2.01.16 68 km
2. Marina Romoli (Italy)
3. Eleonora Patuzzo (Italy)
4. Linda van Rijen (Netherlands)
5. Karol-Ann Canuel (Canada)
6. Cherise Taylor (South Africa)
7. Alena Amialiusik (Belarus)
8. Gloria Presti (Italy)
9. Nathalie Lamborelle (Luxembourg)
10. Julie Krasniak (France)

2 Kommentare:

monique hat gesagt…

Bravo! Weider esou:-)

Anonym hat gesagt…

Hallo.
Ich mochte mit Ihrer Website nathalielamborelle.blogspot.com Links tauschen