Saison 2006 as ofgeschloss!
Mat der Bundesliga op der Bunn zu Köln hun ech meng Saison definitiv ofgeschloss. Ech konnt hei e bessen Bunnerfahrung sammelen an hun um Enn na eng 11. Platz gemat wou ech 2 Punkten erhascht hat während der A-Final.
Ech sin och ganz zefridden mat deser Saison. Och wann ech am 1. Deel vum Joer e bessen no menger Topform gesicht hun sou as et speitstens no der Europameeschterschaft nemmen nach biergop gangen mat enger 9. Platz op der Weltmeeschterschaft an der Bestätegung vum leschten Joer. Och Reslutat aus der Ardèche leist hoffen fir Zukunft.
Meng haapt Resultater dest Joer:
9. Platz Junioren WM
18. Platz Junioren EM
2x 3.Platz Championnat
1. Platz Bundesliga Queidersbach (D)
1. Platz Etoile de l'Est Thierville (F)
2. Platz Grand-Rechain (B)
4. Platz Albstadt 5.Etappe
16. Platz Albstadt Gesamt (2.Jun)
7. Platz Tour d'Ardèche 3.Etappe
26. Platz Tour d'Ardèche UCI 2.2 Gesamt (6.Esp)
No enger klenger Paus geet Wantersaison un wou ech probeiren IeC sou gudd ewei meiglech mat Sport ze kombineiren. Ech waert am Wanter viraussichtlech e puer Crossen fueren, Schilanglaaf an och vlait e bessen Bunn wann Meiglechkeet sech bidd.

Albstadt Etappenrennen 2006 5.Etappe
0 Kommentare:
Kommentar veröffentlichen