11 September 2006

Tour d’Ardèche UCI WE 2.2 5.09 – 9.09

Vun en Denschden bis e Samsden stung Tour d’Ardèche um Programm, Kategorie UCI WE 2.2 mat 5 Etappen an 1 Zaitfueren. Vill bis ganz vill Bierger missten mer op eis huelen an och achtbar Distanzen e gudd Steck mei ewei dat lescht Joer de Fall wor. Wat Konkurrenz betrefft die wor dest Joer net mei sou zahlreich, knapp 65 Fraleit stungen um Départ dest well nach vill aner Coursen am Moment sin mee Qualiteit huet awer trotzallem gestemmt, mat Nobili a Fassa Bortolo woren schon 2 stark UCI Equipen vertrueden grad esou wei Nationalequipen aus Russland, Litauen mat der aktueller Juniorenweltmeeschterin, Kanada an Südafrika. Dest as natirlech e ganz aneren Niveau an eist Ziel wor et fir eis sou gudd ewei meiglech duerchzeschloen.

Denschden, 1. Etapp 92 km 2:37:32 1010hm
Schon direkt den 1. Dag as et hell ewech gangen. Am 1. GPM hun ech probeiert mech un d’Weltmeeschterin ze haalen mee do hat ech mech deen Dag dach e bessen iwwerholl dee Moment. Ech gouf knapp ofgehangen an hun et och leider nemmi gepackt fir mech an den Autoen nees erunzekämpfen, Luuten woren eben aus…No 40 km Solofahrt duerch Pampa hun ech dunn am leschten GPM 5 km virun der Arrivée erstaunlecherweis den leschten Wupp vum Pak eremgesin. Do wor ech natirlech rem motiveirt an hun nach eng Keier dat Allerlescht mobiliseiert an der Biergarrivée. Um Enn sin ech op der 44. Platz gelandt wat fir mech ganz an der Rei wor.

Resulater:
1. Edita Pucinskaite (Nobili)
44. Nathalie Lamborelle 6.33
45. Isabelle Hoffmann 7.36
58. Christine Majerus 21. (gouf falsch geleedt, a war mega rosen!!)
DNF Betty Kinn (konnt net dépanneiert gin, huet missen ophaalen, schued)
DNF Christine Kovelter (leider nemmi am Zaitlimit)

Mettwoch, Clm 3,3 km
Och wann et nemmen kuerz wor et as die eng Sait Biergop gangen an dei aner Sait erof. Hei sin ech op der 39. Platz gelandt an 6.10. Christine an 6.13 an Isabelle an 6.16.

2.Etapp 91 km 2:38:20 1485hm
Eng schweier Etapp mat 4 Biergpraisser, 2x 2. Kat, 1x 3. Kat an zum Schluss nach eng Keier eng onendlech Montée vun ronn 15 km 1.Kat. Mee dat alles konnt mech net dovun ofhaalen fir am Pak ze bleiwen. Ech konnt um Enn mam Pak deen nach aus ronn 30 Fuererinnen bestanen huet iwwer d’Arrivée fir dei 5. Platz fueren an eng 11. Platz eraushuelen. ;-) Dem Chrisitne as ähnleches gelongen, hat as 18. gin. Dem Isabelle as et leider net esou gudd ergangen, hat krut Krämp an konnt an der langer an schneller Descente de Pak nemmi haalen, as dono nach falsch geleedt gin an krut 22 min op Box die et secher net all verdingt hat.

Resultater:
1. Silvia Valsecchi (Nobili)
11. Nathalie Lamborelle 0.48
18. Christine Majerus
52. Isabelle Hoffmann 22.04

Donneschden, 3. Etapp 115 km 2:59:10 855hm
Zur Ofwiesselung mol eng Etapp die net grad esou schweier wor an domat hat ech se och bessen am Viseier. Gescht wor mei eng Iwweraschung mee haut hat ech dach schon bessen eng welles zumols well eise Mecano den Tun mat enger Wett gelackelt hat die gescht knapp doniewt gangen as. Et huet geheescht eng Top10 Platz an hien mescht eng Sangria. Esou eng Chance dief een sech natierlech net entgoen lossen. Och wann et zum Schluss zimlech hektesch zougangen as an och verdammt schnell hun ech mech vun naischt ofschrecken geloss an sin am Sprint fir di 2. Platz op di 7. Platz gesprint…Juhu (zudem wor ech schon fir 2. virun der Weltmeeschterin hehe)

Resultater:

1. Samplonius Anne (Kanada)
7. Nathalie Lamborelle 0.45
17. Christine Majerus
48. Isabelle Hoffmann 0.57

Freiden, 4. Etapp
123 km 3:44:53 2170hm Kinnegsetapp
Ech gleewen glaich selwer nemmi wat ech grad an desen Deeg hei erliewen. Den hellen Wahnsinn…ech sin nees am Pak ukomm mat deenen eischten!!! Esou eppes wier mer am Dram net agefall mee bon et as wouer gin. Christine an ech mer hun eis tapfer geschloen sin just ganz knapp ofgehang gin am Col a woren direkt nees drun an der Descente, schliesslech sin mer ze Raudien. ;-) Um Enn woren mer total dout mee erstaunlecherweis konnt ech nach di 14. Platz erhaschen mat 6 Sekonnen Retard an hat die 24. mat 10 Sekonnen. Et wor einfach e super Moment fir eis 2 mer hun eis gefreet wie kleng Kanner. Dono wor ech dat 28. am General an 6. Espoir!

Resultater:
1. Clemida Fernandez Silva
14. Nathalie Lamborelle 0.06
24. Christine Majerus 0.10
Ab. Isabelle Hoffmann

Samsden, 5. Etapp 94 km 2:44:26 1515hm
Dee leschten Dag, mee naischt as eis erspuert bliwwen. Et as nach eng Keier hard zur Saach gangen. Mer hun allen 2 wei di Well gekämpft mee konnten et net verhenneren fir aus dem Pak ze faalen. Favoriten hun sech nach eng Keier e richtegen harden Kampf geliwwert a mer hun alles drun gesaat fir eis Platzen am General ze haalen. E Retard vun 1 min si mer erem zougefuer zu 2 an sin rem an de Pak zereck komm kuerz virun der Final wou et nach eng Keier sauer erop gangen as. Do hu mer dat Allerlescht mobiliseiert mee am Pak si mer nemmi bliwwen. Mee nujee ech hun just nach 25’’ op den Haaptgrupp verluer an Chrisitne 1’.

Resulater:
1. Edita Pucinskaite
26. Nathalie Lamborelle 0.47
29. Chrisitne Majerus 1.29

Schlussklassement:
1. Edita Pucinskaite LTU 14:51:17
2. Tatiana Guderzo ITA 1.18 (1.Esp)
3. Clemida Fernandez Silva BRA 1:42

26. Nathalie Lamborelle 8.13 (6.Esp/1.Jun)
33. Christine Majerus 23.29 (10.Esp)

45 à l’arrivée / 63 partantes

Um Enn vun deser schweirer Etappecourse op Elite-niveau mat 525km, 15h an 7100hm kann ech nemmen soen dat ech mech selwer iwwerascht hun. Ech hätt am Virfeld nie geduet dat ech iergendeng Biergetapp am Pak geing ukommen. Mat deenen Platzeirungen hat ech och niemols gerechent, mee bon wat et mei onverhofft kennt wat een sech mei driwwer freen kann.