Neiegkeeten fir 2007
E Kontrakt mam Team Uniqa Graz an en neien Club, Coogee Saar.
No 2 Joer bei den Juniorinnen, kommen ech elo next Joer bei dei „Grouss“. Well et bei den Dammen keng richteg U23 Kategorie gett sin ech also direkt Elite. Dest as awer e groussen Sprong deen secherlech net einfach gett. Mat der Zait huet den Dammen-Velosport seng Entwecklung erliewt an domadden huet sech och eng Weltspetz etableiert wou et emmer mei schweier get sech an deem Peloton ze integreiren.
Fir eischt Erfahrungen ze sammelen hun ech dofir e Kontrakt mat der eisterreichescher Equip Uniqa Graz ennerschriwwen. Dest ermeiglecht mer un grouss internationalen Dages- wie Etappencoursen wie och Weltcupen Deel ze huelen. An dest net an egal weiengem Emfeld. Mat 5 Olympiastarterrinnen an der „Grande Dame“ vum Cyclissem, Jeannie Longo, befend sech Uniqa Trupp ennert den Top15 an der Weltranglescht.
Well dest Joer de Velo awer net alleng am Mettelpunkt steet an ech och net emmer sou vill Zait investeiren kann viru Juni (Premières-Examen) hun ech hei vir am Saarland eng Dammenequip fonnt, Team Coogee Saar mat deen ech regional an international Coursen hei an der Geigend fueren. Dest as dann och main naien Club, deen ech hu misse wiesselen fir e gemeinsamen Start ouni Komplikatiounen.
Des weideren fueren ech awer och nach di eng oder aner Course am Trikot vun der Nationalequip.
Fir wieder Informatiounen:
http://www.team-uniqa.com/
http://www.team-coogee-saar.de/
http://www.radsportverband.at/
http://www.sport1.at/395+M5301ef33703.html
E Merci geet awer un de Schefflenger Velosclub LP07 Schéfflëng bei deenen sech dat ganzt e bessen entweckelt huet, dei mech och fraigestallt hun.
19 Dezember 2006
Abonnieren
Posts (Atom)