08 Januar 2007

Championne am Cyclo Cross

D'Saison 2007 hätt net kennen besser ugoen! Eischten Optrett am naien Trikot an dann schon direkt Chapionne an dat awer bessen mei onerwaart am Cyclo Cross.

Nodeems ech no Zeisseng bessen d'Flemm hat mam Cross an och net mei fueren konnt weint der Schoul, hun ech mai Spass um Cyclo Cross, trotz ganz schlechten Konditioun geschter erem zereck gewonnen. Natirlech hängt dat och domadden zesummen dat ech ouni Drock fueren konnt, schliesslech hat ech naischt ze verleiren, dat ech am 2. Tour rem Spetz konnt iwwerhuelen an dei super Kuliss vn Zuschauer dei geschter zu Leideleng wor. Sou vill Ennerstetzung brengt engem Coureur, trotz greissten Ustrengungen, emmer nac e klenge Schub no vir! Merci dofir!!

Schlussendlech sin ech frou dat ech awer gefuer sin, och wann ech um Ufank vun der Woch menger Saach op eemol selwer nemmi secher wor. Egal wei schweier et och emmer as, Bedingungen sin fir jiddereen dei selwescht an dee Stärkste wennt um Enn.

Deen 1. Titel am Cyclo Cross no 2 Joer Vize-championne (2004,2005) brengt natirlech e ganze Koup un Motivatioun mat sech fir an Strossesaison ze starten.

Nexte Sonnden sin ech dann selbstverständlech och um Départ um Millebacher Cross am Bambesch, schliesslech muss deen scheine Roud-weiss-bloen Trikot och zum Virschein kommen!