26 Januar 2007

News

COSL Espoir Kader

Nodeems ech 2006 an den Kader "Jeunes" nomineiert gi sin, sin ech fir dat 2. Joer an den Espoir Kader komm. Dat as alt erem eng kleng Motivatioun mei fir Strossesaison 2007.

Doniewt as Cyclo Cross Saison ofgeschloss. Och wann ech leider nemmen 3x ugetrueden sin kann ech duerchaus eng positiv Bilanz aus deer Mini-Saison zeien. Op alle Fall hun ech rem Spass un der Saach fonnt an dei Idee, dei mer nom 1. Cross vun deser Saison an de Kapp koum fir de Crossvelo op den Nol ze hänken hun ech no Leideleng definitiv vergiess. Nächst Joer sin ech secher nees derbai, vlait och mei oft dann!! Wat mech och nach sou begeeschtert huet op de Crossen a virun allem zu Leideleng an am Bambesch wor dei super Stemmung, dat as op der Stross bessi anescht...all Disziplin huet eben hiere Charakter.


Dese Weekend hun ech main 1. Teamtreffen mat mengem neie Club Coogee Saar. Dest fennt zu Losheim am Saarland statt.

bis demnächst dann



Hei nach e puer Fotoen vum Cyclo Cross

2 Kommentare:

Edmond Friess hat gesagt…

Awer ganz flott deen Site, och wanns Du sees e wier net esou professionnell wéi vill aner. Ech wenschen Dir fir di nei Saison bei deenen "Groussen" alles guddes.
Edmond

Anonym hat gesagt…

фильм школьницы порно просмотр
порно секс sex бесплатно скачать
бесплатные порно ролики
секс порка
секс губы