20 Juni 2007

Alles iwwerstanen...

Examen, Operatioun, haut hun ech och dei lescht Hürd gepackt. Schoul as ferdeg an Waissheetszenn sin eraus. Demno kann ech mech lo ganz op meng nächst Zieler konzentreiren. Fir d'eischt muss ech elo nach e bessi traineiren goen fir main Eignungstest op der Uni fir de Sportstudium d'nächst Joer. Hei steet Turnen, Liichtathletik, Schwammen, Gymnastik an 2 Ballsportarten um Programm. Mat nach bessi Übung misst dat dann hoffentlech klappen. Wann dann alles esou leeft wei ech dat hoffen, dat sin ech ab Oktober zu Freiburg op der Uni fir Sport ze studeiren. Donieft fannen ech do och optimal Konditiounen fir Velo ze fueren.



Kee Championnat...

Leider sin ech no deser Operatioun net schnell genuch erem fit fir um Championnat kennen unzetrieden. Dest bedauren ech natirlech extrem an et wert och ganz schweier gin fir mech, hei zu Scheffleng, bei mengem eigentlechen Heemspill, mussen nozekuken. Mee bon Gesondheet geet emmer nach vir an ech wollt de Risiko einfach net agoen nach eng Entzündung ze kreien.
Bis Enn September bleiwt mer awer nach genuch Zait fir mech op main grousst Ziel virzebereeden: Weltmeeschterschaft vun der Elite zu Stuttgart.
Dei next Course wert ech viraussichtlech Mett Juli fueren.