
9. Platz Course; 23. Platz Clm; 4. Général U23
E Samsden hun ech bei der Classic de l'Hermeton zu Vodélée an der Belg deelgeholl. Moies stung en Zaitfueren iwwer 11,3 km un Programm a Mettes eng Course en ligne iwwer 84 km mat net manner wei 1000hm! Enner 70 Konkurrentinnen woren schon alleng 3 grouss Equipen (UCI Equipen) erem ze fannen: AA-Drink, Lotto-Belisol an Vlaanderen Capri Sonne T-Interim.
Am Zaitfueren Moies, eng Disziplin dei mer net esou leit, koum ech op di 23. Platz wou schwedesch Meeschterin Emma Johansson gewonnen huet.
An der Course Mettes as et dunn awer nach besser gelaaf. Nodeems schon frei e Grupp vu 5 fort woren, wou baal aus all Equip eent vertrueden wor, sin ech selwer no 50 km attackeiren gangen an konnt mech litt ofsetzten vum Peleton. Et sollt awer net vir lang sin. Speitstens an engem Bierg vun 12% huet de Peleton reageiert an ech gouf ageholl vun 2 AA-Drink, 2 Lotto, an 3 Vlaanderen Capri Sonne mat der Leaderin vun der Course Emma Johansson. Un desem Grupp hun ech mech awer nach konnten upacken a sin mat deenen Course zu Enn gefuer. Zum Schluss as et dunn awer op Ganzt gangen an ech konnt mech nach als 9. op Arrivée retten! Zumols mam Ausgang vun der Course sin ech ganz zefridden, vu dat di eischt 12 Platzen vun Leit aus UCI Equipen besaat woren.
No desem Eifer hat ech dann och gemengt Sonndes geing et nach eng Keier goen, hun awer missen frei Leiergeld gin an sin des Course an Daitschland net zu Enn gefuer. Dat wor dann awer bessi zevill des Gudden! Aus Feeler leiert een...
Nexte Weekend waert ech dann no langer Zait erem eng Keier mat menger Equip UNIQA zesumme sin. E Freiden sin ech um Départ vum Rathauskriterium zu Wien an e Sonnden vertrieden ech di Waiss-blo Faarwen vun UNIQA beim Weltcup a Schweden zu Vargarda.
Mei Info enner:
1 Kommentare:
salut Nathalie
Gudd deng Seit
Hai ass meng www.salferso.eu
ciao
salvi
Kommentar veröffentlichen