25 August 2007

Albstadt Etappenrennen UCI 2.2 2. Etapp

2. Etapp 92 km op engem Circuit vun 2,6km


Des Etapp huet eischter engem lange Kriterium geglach. All Tour 5-6mol relanceiren, dat spiert een herno no 35 Tier. Opwuel vir e Grupp fort wor as et hannen am Pak alles anescht ewei lues gangen. Sou as et dunn och komm wei et scho baal huet misse kommen, am 5t leschten Tour sin ech dunn och ofgehangen gin asi meng Course nach ferdeg gefuer.


1. Monika Holler, Bigla Cycling 2h02'34''
...
49. Nathalie Lamborelle à 2.18


Général:
1. Trixi Worrack, Equipe Nürnberger
2. Andrea Graus, Equipe Nürnberger
3. Nicole Brändli, Bigla Cycling
...
54. Nathalie Lamborelle, Team Lëtzebuerg


76 klasseiert


Mat deser Etappecourse as fir mech dann och eng relativ hard Trainingsperiod op en Enn gangen. Des Woch steet elo mol e bessen Regeneratioun um Programm an dann geet et weider an Frankreich mat UNIQA. Op ech elo zu Plouay um Weltcup kann dobai sin as na net secher, mee Meindes an Denschdes sin ech secher dobai.
Wei de weidere Verlaaf vu menger Saison elo ausgesait steet nach e bessen an de Wolleken, dat gin ech next Woch gewuer...