20 August 2007

Albstadt Etappenrennen UCI 2.2

No engem 10-deegegen Training zu Freiburg geet et direkt weider an d'Albstadt.
Nodeems ech elo e puer flott Ecker am Schwarzwald mam Vroni aus der Equip erkundegt hun kommen elo 3 Deeg Course op mech duer. Dei 1. Etap (wann een dat esou nenne kann) as e Prolog iwwer 4km. Dono geet et weider mat enger Course iwwer 100 km mat engem Bierg dran an den leschten Dag stin dann nach eng Keier 92 km op engem lokalen Circuit, net einfach also, um Programm.
Wei et mer dann do ergangen as no engem relativ gudden Trainingspensum mei speit dann!