Weltcup:
132 km op engem Circuit vun 11km op wellegem Terrain 12 mol, dat wor de Programm deen ustoung. Och wann deste Keier nemmen eng 100 un den Départ gangen sin woren di Stärkst wei emmer vertrueden an et as mol an eischter Linn drems gangen fir deenen hieren Tempo matzegoen. Dat as mer dann och bis 4 Tier viru Schluss relativ gudd gelongen. An desem Tour as et dunn awer mei eecht gin un der Spetz an am Bierg hun ech grad wei nach 15 aner Konkurrentinnen missen lass lossen. Mer sin eis Course dunn zu Enn gefuer an haten herno ronn 3min Retard op de grousse Peleton.
Och wann ech am leschten "Grupetto" ukomm sin, sin ech schon glecklech dat ech iwwerhaapt Arrivée gesin hun! Dest hun 33 aner Konkurrentinnen net gepackt, wat mer io och schon fir komm as...
Nexte Weltcup-asatz wert zu Nürnberg Mett Sepember sin.
Schweden:
Ech well awer net nemmen vun der Course erzielen, wann des mol eng Keier net hei an der Geigend wor. Meindes hate mer nach baal de ganzen Dag Zait fir bessi Tourist ze spillen, eisen Fliger as ereit owes gangen. Nodeems Göteborg eng kleng Enttäuschung wor, mer hun net richteg eppes fonnt do wat een hätt kenne besichen, si mer dem Navi nogefuer bis un d'Enn vum Festland. Do si mer op eng helle Wull vun Lait getraff dei all mat Schwammsaachen op eng Fär gangen sin. Mat 3h Zait hu mer dat dann och esou gemach an sin op eng vun deenen wonnerscheinen Inselen gefuer viru Göteborg.
Hei e puer Andreck:
0 Kommentare:
Kommentar veröffentlichen