Mat engem Breif wou drop stung "ABLEHNUNGSBESCHEID" sin all meng Dreem a Virstellungen vun deem scheinen Studentenliewen als Sportler geplatzt! Seit mind. engem Joer hat ech mech zimlech drop fixeiert no menger 1ère op Freiburg Sport studeiren ze goen. Hei haett d'Kombinatioun vun Student a Velosfuerer optimal geklappt. Mee leider leider as et elo net esou. Ech wor den daitschen Auswahlkriteren net gewues a muss dei Hoffnungen domadden opgin!
Elo hun ech mech dann ganz kuerzfristeg zu Nancy ageschriwwen, wou et ab nexten Meinden lass geet. Och wann ech am Ufank e bessen am Dilemma wor, freen ech mech awer elo op dei nei Erausfuerderung. Et muss een aus allem emmer dat Bescht machen. Il y a des solutions à tout!
Reng sportlesch geet et muer Meinden weider mat enger Course zu Chateaudun am Frankreich an en Denschden zu Bourbonne-les-Bains. Dest sin Coursen wou ech nees fir UNIQA fueren waert.
0 Kommentare:
Kommentar veröffentlichen