2. Platz
Dese Weekend stung schon Samsdes e Cross um Programm, an zwar hei vir am Saarland zu Schmelz. Dest wor main 1. Cross am Ausland, an domadden och deen eischten enner reng Fraleit. Dese Cross as dann wei dat och muss sin iwwer 40 min gangen op engem zimlech hiwwelegen Parcours duerch de Besch. Duerch dei kaal Temperaturen wor dann och kee Bulli.
Leider konnt ech an enger langgezunnener Montée d'Rad vun dem 1. nemmi haalen an sin 50m zereck gefall. Eng kleng Distanz konnt ech langzeit haalen bis se dann awer emmer e bessen mei grouss gin as. Dei 2. Platz as awer nie a Gefor georden sou dat ech um Enn dei dann och behaalen konnt.
Fazit vun desem Weekend bleiwt awer dat nach bessi Aarbescht am Training op mech wart fir d'Championnat an secher och fir zu Peiteng iergendwei kennen ze bestoen! ;-)
Next Woch steet dann lo den FSCL Stage op der Bunn zu Gent um Programm, dei lescht Deeg Schoul virun der "Vakanz" wou ech meng Examen virbereeden muss an Sonndes de Cross zu Remeleng.
P.S.: Wann een ee gudden Trick kennt fir Feiss warmzehaalen, da sot mer en weg! Et mescht mer io schon Spass Cross ze fueren, mee bei sou Temperaturen gin meng Feiss emmer zu 2 eiskaalen Balloen... :-( Dat as definitiv net optimal fir Cross ze fueren!
Abonnieren
Kommentare zum Post (Atom)

0 Kommentare:
Kommentar veröffentlichen