Hei konnt ech mech Beegeschterung fir d'Piste erem nei opliewen lossen! Och wann 3 Deeg kuerz sin, woren se intensiv an mer hun allegueten vill traineiert kritt. Zumols wann et dobaussen Minusgraden sin as et dach wonnerbar dobannen am labberen Gezei um holzenen Oval ze traineiren. Eigentlech hu mer jo erem all Zong lang gemach kritt, well bis eis Piste steet dierft io nach e bessen daueren...
Cross Remeleng
Deen een Dag nach op der Piste zu Gent ennerwee, deen aneren Dag zu Remeleng um Bierg, dat as d'Liewen vun engem Velosfuerer...
No 3 Deeg Stage as et dann och net sou labber gelaaf. Zumols deen eischten Tour huet richteg weigedoen, dono hun ech mech dru gewinnt gehaat an do as et och gangen. Allerdings wor dat ganzt net schnell genuch, direkt am 1. Tour hun ech e Lach kritt, wat ech nemmi zoukritt hun. Ech sin schlussendlech dat 2. gin hannert dem Suzie. Erfreelech wor och dat mer des Keier zu 5 Dammen um Départ woren, dat woren emmerhin der genee esou vill wei bei den Junioren.
Haut hat main neie Velo awer och sain eischten Asatz! Wei secher villen opgefall as, as en Pink Rosa, den Pink Panther! ;-)
Et bleiwen elo nach de Cross zu Peiteng an d'Championnat an d'Wieder as relativ schlecht fir velozefueren...nujee och do muss een alt derduerch.



