07 Januar 2008

Championnat Cyclo Cross Contern

Championne 2007/2008

No ganz harden 31min Course as et mer gelongen main Titel am Cross ze verdedegen!

De Parcours vu Contern wor extrem physesch an seng Schwieregkeeten hun dorannen bestanen dat an der Wiss de Bulli pescheg wor, mat 3 Laafpassagen (fir eis) an eng Descente dei scho baal nemmi ze fueren wor. Wei zimlech all Fotoen beweisen a wei der mech erlieft hudd, huet dee Circuit mer esou Muensches ofverlangt an ech konnt et leider net eviteiren fir ouni Chute duerchzekommen.
Direkt am eischten Tour wor et schon dei eischte Keier geschitt...ech konnt allerdings an der Descente erem direkt alles ophuelen. Am leschten Tour hun ech dunn och nach eng zweete Keier Bekannschaft gemach mam Bulli an deste Keier an der Descente. Hei hun ech dunn leider erem zimlech Zait verluer bis ech erem um Velo sutz. Vun do aus wor et io dunn nemmen nach een Tour ze fueren an an deem hun ech mer et awer och net mei huelen geloss!
Op alle Fall wor dest en harden Kampf an ech sin einfach iwwerglecklech main Titel konnten ze verdedegen.

Wann meng Examen elo nach eriwwer sin (Meinden + Denschden) a mai bloen Knei verheelt as, huelen ech mer eng kleng Auszait an gin engem aneren Hobby no, dem Schifueren. Allerdings alles am Hibleck op d'Preparatioun fir d'Strossesaison.

Um Enn well ech mengem ganzen Staff dei mech enenrstezt hun deen Dag an dei ganz Cross-saison iwwer, sief et am Materialposten, beim Training oder op der Streck, VILLMOLS MERCI soen.

Fotoen: kb a Val Wagner