Knapp huet dat nait Joer ugefangen, a schon sutz ech um Velo fir eng Course ze fueren. Vlait kennt dat verschidde Leit e bessen verreckt fier op Sylvester knapp no Joresufank am Bett ze leien fir deen aneren Dag fit ze sin, mee ech muss soen et hat sech gelount!
Op deem eenzegen internationale Cyclo Cross hei am Land fir Dammen wollt ech dest Joer einfach dobai sin! Och wann et dach ee ganz scheint Steck bis bei d'Weltelite as hun ech meng Participatioun zu kengem Moment geschter bereit. Et mecht enfach direkt vill mei Spass an enger Course ze fueren wou Ambiance op der Streck as an natirlech wou den Interessi vum Publik mei grouss as. Leider geet meng Crosssaison hierem Enn entgeint, mee dat huet mer rem Gout gin fir mei.Mat der Course selwer sin ech och ganz zefridden. No 10 Deeg hardem Training hun ech mech relativ gudd erholl gehat an bis op deen berühmten eischten Tour hun ech mech tiptop gespuert. E klengen Malheur as mer leider och passeiert am eischten Tour. Kuerz virum Materialposten as Ketten vu mengem gudden Velo ewechgefuer. No 150m laafen krut ech awer den Ersatzvelo an konnt ouni ganz groussen Verloscht weiderfueren. Ech konnt mei speit suguer erem op mai gudde Velo wiesselen. Villmols Merci heifir un Equip aus dem Materialposten!
E Sonnden as dann d'Championnat zu Contern wou ech natirlech alles wert machen fir den Roud-waiss-bloen Trikot ze verdeedegen! Dofir kommt all e Sonnden um 2 op Contern, well et kann een nie genuch Supporter hun dei een nofirdreiwen!
(Fotoen kommen nach no, ausser et huet een der! ;-) )
0 Kommentare:
Kommentar veröffentlichen