D'Wantersaison as fir mech mam Cyclo Cross Championnat op en Enn gangen. No 7 Crossen an engem verdeedegtem Titel an der Tesch hun ech genuch gemach am Hibleck op d'Stroossesaison. Fir eng WM oder ee Weltcup misst een sech awer nach mei drop virbereeden an virun allem sin ech awer net esou gudd materiell ausgerüst! Mee dat kennt och eng Keier, alles zu senger Zait!
Och wann 7 Crossen vlait nach net esou vill sin, geet dat völlegen duer fir de Motor am Wanter bessen laafen ze lossen. Et wor och dat eischt Joer wou ech e bessen mei Cross gefuer sin an et och e bessen mei duerchgezunn hun. An deser kuerzer Saison hun ech awer emmer erem konnten meng Leidenschaft fir de Cross entdecken an et deet mer awer e bessen Leed dat et schon eriwwer as! Cross as einfach anescht, Zuschauer sin mei no derbai an et as eng ganz aner Ambiance. Natirlech brengt et och vill mei Opwand matsech. Mindestens 2 Veloen mussen top an der Rei sin, ee Staff wou dei Maschinnen während der Course an och dono botzt an meng Virbereedung virun engem Départ vun der Streckeninspektioun iwwer Warmfueren muss stemmen.
No deser Woch konzentreiren ech mech awer dann ganz op Präparatioun vun der Stroossesaison. Vum 11.-24. Februar geet et dann emol op Calpe op d'Costa Blanca mat UNIQA ier dei eischt Coursen Mett März ufänken.
1 Kommentare:
Chicken for champion:)
Kommentar veröffentlichen