16 Februar 2008

Aus dem Stage a Spuenien

Seit Denschden den Owend sin ech elo schon hei zu Calpe op der Costa Blanca tescht Valencia an Alicante fir mat enger Rei Fuerinnen vun UNIQA dei nei Saison virzebereeden. Nieft herrlechen Küstenstrossen kann een hei och richteg duerch d’Bierger fueren an fir dei kleng Erfreschung teschdenduerch woarden Mandarinnen, Orangen oder Zitrounen op de Beem.

Haut wor main eischten Roudag. Nodeems ech die 3 Deeg virdrun e bessen Pech mam Wieder hat, wor et haut esou richteg gudd. Bei 23 Grad, Sonn a Mier kann een sech do schon e bessen ewei am Summer fillen. Eng Stendchen Sightseeing rondrem Calpe mam Velo, d’Material erem an d’Rei brengen an Rou stungen haut um Programm. An dat huet esou richteg gudd gedoen no 3 langen Deeg Training.
Muer geet et dann erem weider mam Training an dat nach bis e Sonnden.

Schei Greiss aus dem sonnegen Süden

Nathalie